arrow_back_ios
Zäithistoriker
Die Geister die ich rief
Zanter Enn August manifestéiere Rietspopulisten zu Chemnitz géint d'Migranten. Hiert decomplexéiert Optrieden erwächt d'Angscht vun enger Regressioun zu den däischterste Stonnen an der europäescher Geschicht. Dee Reflex, deen op eng manichäesch Visioun vun der Vergaangenheet baséiert ass net nëmme kontraproduktiv, mee geféierlech, mengt den Historiker Vincent Artuso.