arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng Pianistin, déi sech ëmmer hannerfreet
Zanter déck 15 Joer ass d'Pianistin Jamina Gerl schonn an de Concertssäll ënnerwee, an awer huet d'Pianistin vu Bonn et fäerdegbruecht, sech net ze vill vun der Hektik vum Marché ustiechen ze loossen. Hiren Agenda ass wuel gutt gefëllt, mee all Projet wëllt bei der Jamina Gerl duerchduecht an am Fong virbereet sinn, éier en zeideg fir de Public ass.