arrow_back_ios
Aktuelles
Diskussioun iwwer Ännerungen am europäesche Copyright
Zanter Méint gëtt op europäeschem Niveau iwwer méiglech Neierungen am Copyright diskutéiert. Kritiker gesinn eng méiglech Bedrohung fir de fräien Internet an hunn Angscht virun Zensur. Vill EU-Parlamentarier behaapten, dat wier Panikmaach, well et dorëms géif goen, fir Kënschtler a Kreativer gerecht ze remuneréieren. Haut gëtt am EU-Parlament iwwer déi nei Regelen ofgestëmmt. De Chris Zeien huet mam Marc Nickts vun der Sacem iwwer dëse Sujet geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
