Invité:e vum Dag
Paul Philipp
Muer den Owend um véirel vir 9 spillt d'Lëtzebuerger Fussball-Nationaléquipe am Stade Josy Barthel géint Moldawien. Et ass hiren éischte Match an der Nations League, enger neier Competitioun vun der UEFA, déi fir kleng Fussball-Natiounen vläicht suguer méi interessant ass wéi fir déi grouss - well se hinnen d'Dir opmécht, fir eventuell eppes ze erreechen, wat se anescht wuel nëmme ganz schwéier kéinten erreechen: d'Qualifikatioun fir eng Europameeschterschaft. De Maurice Molitor schwätzt mam FLF-President iwwert dee Match vu mar, d'Nations League an allgemeng iwwert den (aktuell esou gudden) Zoustand vum Lëtzebuerger Fussball.