Kultur
Prosa, Lyrik a Wëssenschaft- les cahiers luxembourgeois 2.2018 sinn do
Ganz passend ze den aktuellen Evenementer ze Chemnitz ass d'Erënnerung un den däitschen Lyriker a Publizist Karl Schnog, deen 1933 aus Däitschland op Lëtzebuerg geflücht war. An der neier Editioun vun "Les cahiers luxembourgeois" ass d'Gedicht "Was soll ich meinen Enkeln einmal sagen" nach emol publizéiert ginn. Déi éischte Kéier stoung d'Gedicht iwwer "wirre Zeiten" 1939 an de Cahiers luxembourgeois. D'Germaine Goetzinger hat d'Duechter vum Karl Schnog kenne geléiert a sech wonnerbar op Lëtzebuergesch mat hier ënnerhalen. Mee donieft sinn an dëser Editioun vill Inéditen, Analysen a Recherchen z'entdecken. D'Valerija Berdi am Gespréich mam Ian De Toffoli, deen nieft der Elise Schmit an dem Marc Limpach zum Redaktiounskomitée gehéiert.