arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: Burning vum Lee Chang-Dong
De Lee Chang-Dong ass eng vun de wichtegste Filmstëmme aus Südkorea. Säit Joren en habitué um Filmfestival zu Cannes, ass hie dëst Joer komplett eidel ausgaangen. An dobäi ass Burning, säin neiste Film, vun der internationaler Kritik an den Himmel geluewt ginn. Ee vun de Filmleit vum 100,7, den Tom Dockal, huet en dann elo och endlech am reguläre Kinosprogramm konnte kucken.