Radioen

On air

Notturno  |  Francis The Great - Look Up In The Sky

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

The Spirit

Release vun der Woch: The Spirit - Sounds From The Vortex (9/10)

The Spirit ass eng nei Black / Death Metal Band vu Saarbrécken, déi sech 2015 gegrënnt huet. 2 Joer duerno hu si hiren Debutalbum Sounds From The Vortex erausbruecht an dee schéngt esou Androck hannerlooss ze hunn, dass Nuclear Blast op si opmierksam ginn ass, a si ratz fatz ënner Vertrag geholl huet. Elo ass den Album dann nach emol beim beléiften däitsche Label erauskomm.

An zu Recht; Sounds From The Vortex ass esouwuel gespenstesch an hypnotesch gutt. Déi Zort Black Metal, déi The Spirit spillen, kann ee bësse mam Black n Roll vun Dark Funeral vergläichen - si spille Waasserfäll u Kaméidi, Waasserfäll u schéinem, kalen a réie Kaméidi, déi ee matrappen.

De Sound vun der feier-späitzender Maschinn, déi sech The Spirit nennt huet et am Track Cosmic Fear drop ugeluecht, d'Material vum Universum auserneenzerappen, mat den Akkorden déi ongehënnert duerch de Kosmos shredden, während bei The Clouds Of Damnation verschleiert déi ganz Welt an onduerchdréngbar Onwieder-Wolleken.



Weideren Highlight ass de ganz staarken Track Crossing The Bridge To Eternity mat senge Lyrics, déi engem den Otem wech huelen, mat senge risege backing Gittar Akkorden an haarden Drums a mat senger Black n Roll Attitude.

Ma och an den anere Stécker weess déi däitsch Band ze iwwerzeegen; mat mat symbolesche Flamen, déi bis an den Himmel ginn am Stéck Illuminate The Night Sky; an op all stéck krächzt de Frontmann MT eng Seuch no der anerer aus sech eraus.

An och wann alles réi a kal kléngt, sou ass Sounds From The Vortex alles anescht wéi eng underground Produktioun. All Element ass kloer erauszehéieren, de Mix ass perfekt fir de Genre an den Album, wéi natierlech och d'Hëllef vum Label, wäert dofir suergen, dass The Spirit ganz séier en Numm an der internationaler Metal Zeen wäerten hunn.

Playlist

Sodom - Remember The Fallen

Siege Of Power - Violence In The Air

Pig Destroyer - Mt. Skull

Red Fang - Listen To The Sirens

SKÁLMÖLD - Sverðið

Reece - Any Time At All

The Spirit - Cross The Bridge To Eternity

Monstrosity - Radiated

Conan - Volt Thrower

Outer Heaven - Bloodspire

OTEP - Shelter In Place

High Fighter - A Silver Heart

Abstract Rapture - Dead End Entry



Musek

Episoden