Kultur
Cornel Meder
De Cornel Meder ass net méi. "Wa mir eis un de Cornel Meder erënneren, dann erënnere mir eis op der enger Säit un de Schrëftsteller, op der anerer Säit un ee vun de Pionéier vun der moderner Luxemburgistik a schliisslech un de Fërderer vun der zäitgenëssescher Literatur", sou de Claude Conter, Direkter vum Nationale Literaturarchiv am Gespréich mam radio 100,7.
De Cornel Meder war Politiker, Direkter vum Péitenger Lycée Technique Mathias Adam a vun 1987 bis 2003 huet hien de Lëtzebuerger Nationalarchiv geleet. D'Kultur huet eng bedeitend Roll am Cornel Meder sengem Liewe gespillt, esou huet hien d'Literaturzäitschrëft Galerie erausginn, war Direkter vum Déifferdenger Kulturzenter a Sekretär vun den Amis de Colpach. De Cornel Meder war och selwer Auteur, elo kierzlech ass am Verlag vun der Galerie säi lescht Wierk "Steinberg- Erinnerungen" erauskomm. De Cornel Meder ass den 2. Juli am Alter vu bal 80 Joer gestuerwen. D'Valerija Berdi erënnert un de Cornel Meder.