arrow_back_ios
Kultur
"Das Känguru-Manifest" an den Hörbuchcharts
Bestseller-Lëschten hunn haut Héichkonjunktur. An Däitschland zum Beispill net just am Beräich Musek a Buch, mee och an der Kategorie "Hörbücher". Verschidden Zeitungen bréngen esouguer eege Lëschten eraus. D'Kerstin Thalau huet d'Charts dëse Summer e wéineg am A behalen. Konklusioun: tëscht dem Hape Kerkeling an "die 3 Fragezeichen", ass een Duo besonneg gutt eweg komm: de Marc-Uwe Kling a säi Känguru sinn net just mat engem, mee mat ganzer 3 Hörbicher op de Spëtzepositioune vertrueden.