arrow_back_ios
Kultur
D'"Maison Bruegel" zu Bréissel
2019 ass an der Belsch "Pieter-Bruegel-Joer". An zwar geet et ëm de Pieter Bruegel den eeleren, Member vun der berühmter flammännescher Moler-Famill, dee géint 1530 zu Breda op d'Welt komm ass a 1569 -also viru ronn 450 Joer- zu Bréissel gestuerwen ass. D'Bréisseler Musées royaux des beaux-arts haten am Fong geplangt, 2019 dem Kënschtler säin Haus zu Bréissel fir de Public zougänglech ze maachen. Mee, esou d'Loreline Merelle, eng "histoire belge" steet hinnen am Wee.