Klassik aktuell
Frieden auf Erden mam Tenebrae Choir zu Tréier
Loscht op e mystesch a meditative Concert? Rendez-vous Muer den Owend (30.8.2018) an der schéiner Konstantin Basilika zu Tréier fir e Concert am Kader vum Mosel Musikfestival. D'Gebai gëtt extra fir dëse Concert passend zum Museksprogramm beliicht. D'Konzept vum Concert "Frieden auf Erden" ass et, Chouermusek vum Elgar, Vaughan-Williams, Tavener an Anere mat Liichteffekter zu enger passender Stëmmung ze kombinéieren. E Concert mam Tenebrae Choir, ee vun de weltbeschte Chéier iwwerhaapt.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Tobias Scharfenberger vum Mosel Musikfestival ënnerhalen.