arrow_back_ios
Aktuelles
Iwwerschwemmungen am indesche Bundesstaat Kerala
De südindesche Bundesstaat Kerala erlieft déi schlëmmst Iwwerschwemmungen zënter engem Joerhonnert. Iwwer 400 Mënschen si gestuerwen, e puer Dausend sëtzen an hiren Haiser fest an den indeschen Autoritéiten no, lieft de Moment eng Hallef Millioun Mënschen an provisoreschen Noutlager. Mir hunn mat der Francoise Binsfeld geschwat, Directrice vun Aide à l'enfance de l'Inde et du Népal. D'Organisatioun ënnerstëtzt Terre des Hommes-India Programme, déi de Moment op der Plaz hëllefen. Mir hunn nogefrot wéi d'Situatioun de Moment op der Plaz ass.