Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Mantar - The Modern Art Of Setting Ablaze (8,5/10)

Déi däitsch Metal Band Mantar huet de 24.8. hiren drëtten Album "The Modern Art of Setting Ablaze" bei Nuclear Blast erausbruecht. A wéi och virdrun huet den Duo et nees fäerdeg bruecht, eng ganz Partie Aflëss an hirem eegenen Mix zesummenzebréngen. Sou héiert een um neien Album nees Elementer vu Metallica, Motörhead oder Machine Head, gespillt mat enger Punk/Crust Attitude a mat esou kalen an animalistesche Vocals, vun deenen een eigentlech géif ausgoen, datt se bei eng Black Metal Band passen.

Am Grousse Ganzen entsteet esou een immens réien an aggressive Sound, deen dobäi awer immens fett kléngt an dat obwuel d'Museker just zu zwee sinn.



Am Géigesaz zu "richtege" Black Metal Bands ginn an de Lidder vu Mantar och net groussaarteg Spannungsbéi oder richteg Atmosphären opgebaut. Bei Mantar hunn d'Lidder dofir meeschtens eng Längt vun ënner fënnef Minutten an et geet einfach ëmmer nëmme virun.

Am Virdergrond steet bei Mantar dofir ganz kloer de Riff! All Song ass awer eenzegaarteg a catchy, et ass also och eng gesond Portioun Rock 'n' Roll am Mantar Mix mat dran.

"The Modern Art of Setting Ablaze" ass een Album, dee straight forward ass, ee wéi en Hummer riicht an d'Gladder trëfft, mat enger Punk a Rock 'n' Roll Attitude gespillt gëtt, an ee bis zum Schluss net méi lassléisst.

Playlist


Mastodon - I Am Ahab
Wolfheart - Breakwater
Warbringer - Power Unsurpassed
Grave Digger - Zombie Dance
Revocation - The Outer Ones
Shining - Animal
Mantar - Taurus
Nonpoint - Chaos & Earthquakes
SHVPES - Calloused Hands
Hate Eternal - What Lies Beyond
Monstrosity - Kingdom Of Fire
Mike Litoris Complot - Harry Potter Is Gay
Asphyx - Candiru

Musek

Episoden