arrow_back_ios
Kultur
Drama & Tenderness am MNHA
Den Antwerpener Musée Royal des Beaux-Arts ass wéinst Renovatiounsaarbechten zou. An zwar nach bis Wanter 2019. Dovunner profitéieren aner Muséeën, wéi zum Beispill eisen Nationalmusée. Am MNHA ass nämlech rezent d'Ausstellung Drama and Tenderness - Flammännesch, spuenesch an italienesch barock Meeschterwierker opgaangen, mat Konscht aus der hausinterner Sammlung, mee och enger Rei Tableaue vun Antwerpen. D'Kerstin Thalau war d'Expo kucken.