Invité:e vum Dag
Pater Alberto Ambrosio
Zwou an eng hallef Millioune Pilger sinn zanter virgëschter an nach bis e Freideg a Saudi-Arabien fir den Hadsch, dee grousse Pèlerinage op Mekka. Den Hadsch (iwwersat: déi grouss Pilgerfahrt) ass ee vun de fënnef Piliere vum Islam. All Moslem soll dee Pèlerinage, wa méiglech, eemol am Liewe maachen, sou wéi e säi Glawe bekennen, all Dag fënnef mol bieden, am Ramadan faaschten an aarme Leit Almose gi soll. Fir méi iwwer den Hadsch gewuer ze ginn, ënnerhält de Maurice Molitor sech mam Pater Alberto Ambrosio, Islam-Spezialist a Professer an der Luxembourg School of Religion and Society.