arrow_back_ios
Kultur
D'Kënschtlerresidenz Antropical um Kolla-Festival
Tëschent dem 17. an dem 19. August 2018 ass zu Stengefort de sechste Kolla-Festival, op deem, nieft der Musek, de Sujet kollaborative Konsum am Mëttelpunkt steet. Virun dräi Joer ass zousätzlech d'Kënschtlerresidenz Antropical um Kolla lancéiert ginn. Zanter dem 2. a bis den 22. August liewen, schaffen, recherchéieren eng Dose Kënschtler a Konschttheoretiker um Site vun der aler Schmelz op enger Zort Konscht-Zelt-Camp. D'Kerstin Thalau war si besichen.