arrow_back_ios
Kultur
De Kënschtlerkollektiv "Route" op der "route to Arles"
Bis den 23. September 2018 sinn zu Arles, a Südfrankräich, déi 49. Rencontres internationales de la photographie. Fir d'zweete Kéier och mat Lëtzebuerger Presenz: d'Laurianne Bixhain an de Pasha Rafiy stellen an der Chapelle de la Charité aus. D'Kierch ass Deel vum offizielle Parcours. Mee zu Arles ginn et och an den Niewestroossen, um Festival voies off interessant Decouverten ze maachen. D'Kerstin Thalau huet do zum Beispill den englesche Kollektiv "Route" entdeckt.