Kultur
D'Redécouverte vun der Adele Elsbach zu Tréier
Wat mécht eng Identitéit aus? En Numm, plus eng Foto an zwee Datummen: dee vum Gebuertsdag an den estiméierten Doudesdag? Esouvill huet ee bis ewell vun enger gewësser Adele Elsbach vun Tréier, déi mat 36 Joer zu Auschwitz ermuert gi war, fonnt. Mee elo ass kloer: si war eng Kënschtlerin, si huet nämlech Konscht hannerlooss. En Deel dovunner ass viru Kuerzem vum Stadtmuseum Trier kaf ginn. An zanterhier ass d'Sich no der Adele Elsbach hirer Liewensgeschicht relancéiert ginn. D'SWR2-Reporterin Marion Barzen vun Tréier.