arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Mady Juchem - Eric Krebs
Ronn 6.000 Persoune leiden zu Lëtzebuerg un enger Psychos. D'Associatioun AFPL (Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg) gouf d'lescht Joer gegrënnt fir op déi spezifesch Problemer opmierksam ze maachen. Mat der Mady Juchem an dem Eric Krebs vun der AFPL diskutéiert d'Carole Schimmer iwwer d'Erausfuerderunge fir déi betraffe Famillen.