Kultur
Georges Hausemer - e Potrait
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Georges Hausemer ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen. D'lescht Joer ass de villgereesten Auteur nach mam Batty Weber-Präis fir säi Liewenswierk ausgezeechent ginn
Nieft Kannerbicher, Lyrik, Iwwersetzungen, dokumentaresch Texter, Reportagen, Krimien , Reesguiden, Kachbicher a Romaner, ass et d'Reesliteratur, déi e pertinenten Deel vum Georges Hausemer senger Literatur ausmécht. Nieft dem Schreiwen ass awer virun allem dem Schrëftsteller säin Engagement fir d'Lëtzebuerger Literatur ervirzehiewen.
Säi Kampf géint de Kriibs huet de Georges Hausemer bal bis zum leschten Ament op sengem Blog literaresch verschafft. Eng Chronik, déi ënner dem Titel "Mein Tumor und ich" op dem Auteur senger Internetsäit ze liesen ass. Valerija Berdi mat enger Retrospektiv op dat literarescht Liewen vum Georges Hausemer.