Konferenzen
Déi éischt Iechternacher Festspiller vun 1935
Vum 30. Juni bis de 25. August 1935 waren am Haff vun der Abtei déi éischt Iechternacher Festspiller. D'Initiativ goung vun der Komödie aus, eng 1934 gegrënnten Theatergrupp vu jüddeschen Emigranten. Besonnesch groussen Erfolleg haten Theaterstécker "Jedermann" vum Hugo von Hoffmansthal, "Faust I" vum Johann Wolfgang von Goethe, mee och "Grieselinde" vum Nikolaus Welter.
De Virtrag vun der Germaine Goetzinger handelt vum Versuch, Iechternach zu enger Festspillstad wéi Salzburg ze maachen, beschreift awer och dat trauregt Enn vun engem hoffnungsvolle Projet. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
© Willy Speicher - Germaine Goetzinger, den 29. Mee am Trifolion
Reportage vum Evy Friedrich iwwert Opféierung "Jedermann" vum Hofmannsthals duerch den Exilensemble "Die Komödie" bei den Iechternacher Festspiller. (A-Z vum 28.7.1935)
Privatexemplar vum Evy Friedrich, "Jedermann" aus dem Fischer-Verlag, Editioun 1929 mat den Ënnerschrëften vu Walter Jacob an Walter Eberhard, an ënner anerem de Schauspiller Georg Braun, Elisabeth Eschbaum, Olga Irén Fröhlich, Ernst Hartmann, Else Pircher a Walter Sofka. (Fonds Evy Friedrich CNL L-166; IV.2-1)
© Willy Speicher - Musikalesch gouf de Virtrag vum Cellist André Mergenthaler begleet. En Extrait kann een zu Schluss vun der Emissioun, bei 54'38", an der Mediathéik lauschteren.