arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Steve Brickler
D'Douanesgewerkschaft fuerdert eng Opstockung vum Personal. Fir déi vill Missioune vun der Verwaltung kennen ze garantéieren, bräicht ee méi Mëttel. D'Administration des Douanes et Accises ass ënner anerem zoustänneg fir d'Erhiewe vun den Akzisen an Douanestaxen, grad wéi fir d'Kontroll an de Beräicher Drogekriminalitéit, Stroossentransporter. Mam Steve Brickler, Sekretär vun der Douanesgewerkschaft diskutéiert d'Carole Schimmer iwwer d'Erausfuerderung vun der Gewerkschaft.