Aktuelles
Sinn och d'Juegd- a Fëschereihidder Déiereschützer?
De Lëtzebuerger Wëldschutzverband (LWV), deen d'Juegd- a Fëschereihidder regroupéiert, ass zanter Kuerzem als Déiereschutzorganisatioun unerkannt. Domat kann d'Asbl elo och géint Verstéiss kloen. Den Agrarminister Fernand Etgen huet Enn Juli eng deementspriechend Demande guttgeheescht. Dat hätt de Minister am Prinzip net dierfe maachen, mengt de gréngen Deputéierte Gérard Anzia, deen eng deementspriechend parlamentaresch Fro gestallt huet. D'Beschäftegung mat wëllen Déieren ënnerléich net dem Déiereschutz, mee dem Juegd- a Fëschereigesetz. Detailer mam Michel Delage.