arrow_back_ios
Kultur
Merziger Oper im Zeltpalast
Summerfestivaller an der Groussregioun kommen a ginn, en etlech verlafen einfach esou am Sand. Et ass awer méiglech, iwwer laang Jore mat engem Festival an der Provënz erfollegräich ze sinn: e Beispill dofir ass d'Oper am Zeltpalast, déi 1994 hir Première am saarlännesche Merzig hat. De 17. August ass dëse Summer nees Première: déi Kéier gëtt dem Mozart seng "Entführung aus dem Serail" opgefouert. D'SWR4-Journalistin Nicole Mertes war bei de Prouwen.