arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Anne Goeres
D'Fondatioun Kriibskrank Kanner lancéiert d'Aktioun Lëtz Go Gold fir d'Fuerschung iwwer nei Kriibstraitementer fir Kanner ze finanzéieren. Well d'Pharmaindustrie net genuch an d'Entwécklung vun neie Medikamenter investéiert, wieren déi meescht Traitementer, déi fir d'Behandlung vu Kanner agesat ginn, ural, seet d'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. Duerch d'Gespréich féiert d'Carole Schimmer.