arrow_back_ios
Kultur
D'Torre pendente di Pisa: dat schiifst Gebai vun der Welt?
Den 9. August 1173, also viru genee 845 Joer, ass de Grondsteen fir den Tuerm vu Pisa geluecht ginn. D'Architektur war als autonome Klackentuerm fir den Noper, den Doum vu Pisa, geduecht. 12 Joer nom Ufank vun de Bauaarbechten huet d'Konstruktioun ugefaangen ze kippen. D'Torre pendente ass haut d'Symbol vu Pisa, mee handelt et sech och ëm dat schiifst Gebai vun der Welt? D'Kerstin Thalau huet nogesicht.