arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Laura Foschi
D'ONG Ënnerstëtzung fir autonom Entwécklung - kuerz ADA - finanzéiert a begleet Microfinanzéierungs-Instituter, déi hirersäits Leit an Zillänner vun der Entwécklungshëllef Prête kënnen accordéieren. Enn d'lescht Joer huet d'ONG iwwer de Fong fir Microfinanzen an Entwécklung am Ganze Prêten an der Héicht vu bal 20 Milliounen Euro accordéiert. Zanter Juni huet d'Laura Foschi d'Direktioun vun der Organisatioun iwwerholl. Mat hir geet rieds iwwer d'Aarbecht vun ADA an iwwer den Impakt vu Mikro-Prêten.