arrow_back_ios
Kultur
Den 100,7 presentéiert: Anchorsong live bei de Congés annulés
De japanesche Live-Elektroniker Anchorsong spillt e Freideg op Invitatioun vum radio 100,7 an de Rotonden, zesumme mat No Drum No Moog vu Metz. Am Interview mam Marc Clement erzielt den Asaaki Yoshida, wéi den Anchorsong mam biergerlechen Numm heescht, wat seng Musek speziell mécht, a wéi hien ënner anerem déi traditionell afrikanesch Musek als Inspiratioun entdeckt huet.