arrow_back_ios
Kultur
Dräi Gesiichter an de Kampf ëm d'Fräiheet
Zanter 2010 dierf de Jafar Panahi eigentlech keng Filmer méi dréinen. Dorunner hält den iranesche Realisateur sech awer net. Dëst Joer konnt hie säi Publikum mat "Three Faces" begeeschteren. E feministesche Roadmovie, dee sech mat den traditionelle Valeuren am Iran a mam Kampf fir d'Fräiheet befaasst. De Film ass zu Cannes an der Haaptkompetitioun gelaf, wou d'Maxi Pesch e gesinn huet.