arrow_back_ios
Kultur
Amis-Ennemis: de Pierre Ernest Mansfeld (1517-1604) a seng Zäitgenossen
"Amis-Ennemis. Mansfeld et le revers de la médaille" ass den Titel vun der aktueller temporärer Ausstellung am Musée 3 Eechelen um Kierchbierg. Am Mëttelpunkt steet dem Lëtzebuerger Gouverneur Pierre-Ernest de Mansfeld säi politescht a soziaalt Ëmfeld. Un Hand vu ronn 100 Medaile kann een haut d'Portraite vun der héijer Gesellschaft vum 16. Joerhonnert an de spueneschen Niederlande kucke goen. De Christian Mosar huet sech mat der Curatrice vun der Ausstellung ënnerhalen.