Kultur
Countdown fir d'Oberammergauer Passiounsspiller 2020
Nach bis den 11. August ass am Passionstheater zu Oberammergau dem Metteur en scène Christian Stückl seng Fräiliichttheaterinszenéierung vum Friedrich Schiller sengem "Wilhelm Tell" ze gesinn. Mee nieft dem Schiller sengem Klassiker fänke mat dëser Mise en scène d'Preparatioune vun den 42. Oberammergauer Passiounspiller 2020 un. D'Passiounspiller vun Oberammergau baséieren op enger bal 400 Joer aler Seechen, se ginn all zéng Joer opgefouert a si wuel weltwäit déi monumentaalsten a gréisste Passiounspiller, déi et gëtt. Doriwwer eraus sinn d'Passsiounsspiller fir déi ronn 5.200 Awunner an der Gemeng am bayreschen Ammertal vu grousser Bedeitung. Explikatioune Jean Claude Majerus.