arrow_back_ios
Kultur
Den neien Hierschtprogramm vum Mudam
Iwwer de Summer kënnt Dir véier temporäre Ausstellungen an de Mudam kucke goen. Vu September 2018 u soll dann déi hausintern Kollektioun an de Mëttelpunkt geréckelt gëtt. Zanter d'Suzanne Cotter am Januar 2018 d'Mudam-Rudder als Direktesch iwwerholl huet, huet si realiséiert, datt dobaussen nach vill ze wéineg gewosst ass, woufir de Mudam steet. D'Kerstin Thalau wollt vun der Curatrice vun der Mudam-Kollektioun, der Marie-Noëlle Farcy, méi iwwer d'Pläng gewuer ginn.