Aktuelles
Breastfeeding: Foundation for Life
Zu Lëtzebuerg gehéiert d'Niere vun engem Puppelchen quasi zur Normalitéit, et ass esou guer esou, datt iwwer zwee Drëttel vun de Puppelcher, déi hei zu Lëtzebuerg geniert ginn, schonn an der éischter Stonn no der Gebuert ugeluecht gouf an 18,3 Prozent an de Stonnen dono. Breastfeeding: Foundation for Life oder Nieren: d'Basis vum Liewen, esou huet d'World Alliance for Breastfeeding Action d'Weltstëllwoch iwwerschriwwen. Eng Allianz zu där och ënner anerem d'Unicef an d'Weltgesondheetsorganisatioun gehéieren. D'Unicef ënnerstëtzt d'Niere vu Puppelcher, well et eminent wichteg ass. De Paul Heber vun der Unicef Lëtzebuerg mat den Explikatiounen.