Aktuelles
Chinesesch Investitiounen an d'EU: "Et soll ee virsiichteg sinn"
Trotz der politescher Resistenz géint chinesesch Investitiounen an Europa gëtt zu Lëtzebuerg de staatleche chinesesche Stroumkonzern China Southern Power Grid zweetgréissten Aktionär beim Stroumkonzern Encevo, dem Mammenhaus vun Enovos a Creos. Déi däitsch Regierung huet par konter chinesesch Investitiounen an den däitsche Stroumreseau-Bedreiwer 50Hertz an d'Maschinnebau-Firma Leifeld Metal Spinning verhënnert. Europa wier an der Vergaangenheet ze vill naiv gewiescht a wëllt säin Know-How a seng Infrastrukturen elo besser virun der chinesescher Investitiouns-Strategie schützen, seet den däitsche China Expert Jan Weidenfeld vum Mercator Institute for China Studies (MERICS).