arrow_back_ios
Kultur
Den Artur Brauner ass geliefte Filmgeschicht
Den Artur Brauner ass ouni Zweiwel een vun de bekanntsten däitsche Filmproduzenten. Hien huet Filmer wéi "Der Tiger von Eschnapur" vum Fritz Lang a mam Lëtzebuerger Acteur René Deltgen, eng Partie Karl May-Verfilmungen, oder och nach méi politesch Filmer wéi "Hitlerjunge Salomon" an d'Säll bruecht. Den Artur Brauner kann op eng laang Karriär zeréckkucken an huet wéi kaum een aneren mat senger Berliner Central Cinema Company deen däitsche Nokrichsfilm markéiert. Detailer mam Jean Claude Majerus.