arrow_back_ios
Klassik aktuell
Lisztomania
Zu Lëtzebuerg si vum 19. Joerhonnert bis haut regelméisseg bedeitend Komponiste passéiert. Dat geet vun der Clara Schumann iwwer Richard Strauss, de Bela Bartok bis zum Krzyzstof Penderecki. Een Optrëtt huet allerdéngs fir besonnesch vill Gedäisch gesuergt: dem Franz Liszt seng Presenz bei engem Concert am Casino an der Ënneschtgaass - zwou Woche viru sengem Doud, den 31. Juli 1886 zu Bayreuth.