arrow_back_ios
Aktuelles
Canicule an hir Konsequenzen
Och haut gëtt et nees en Dag mat ganz héijen Temperaturen vun bis 34 Grad. Mer erliewen den Ament net nëmmen eng punktuell Canicule, mä och nach eng Canicule déi nawell laang undauert. An déi héich Temperaturen gi ville Leit schonn un d'Substanz. A besonnesch eeler Mënschen a Kanner si viséiert, wa si der grousser Hëtzt exposéiert sinn. Den Dokter Pierre Weicherding, Medecin-chef vun der Inspection Sanitaire mat den Explikatiounen.