Aktuelles
Staatlecht Iwwerhuele vun Hoteller, déi virun der Fermeture stinn?
De Staat kéint an Zukunft Hotelgebäier, déi zum Beispill virun der Fermeture stinn, op strategesche Plazen iwwerhuelen, renovéieren a si ënner gewësse Konditiounen engem Bedreiwer erëm zur Verfügung stellen. Dës Iwwerleeung huet d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener virun zwou Wochen an der Chamber lancéiert. Eng gutt Iddi, mengt d'Federatioun vun den Hotelieren, Restauranten a Caféen zu Lëtzebuerg. Allerdéngs plädéiert d'Horesca fir esou Investissementer am Kader vun engem Tourismus-Konzept ze maachen. Françoise Keller informéiert.