arrow_back_ios
Kultur
Doudesdag vum Ingmar Bergman
De Bergman, dee selwer Literatur studéiert hat an och vill Theaterregie féiere sollt, hat a sengem Liewenslaf vill mam August Strindberg gemeinsam. Grad ewéi de Stockholmer Auteur hat de Regisseur Bergman och ëmmer nees Verhältnisser mat den Actricen, déi fir hie gespillt hunn, a grad wéi an dem Strindberg sengen Dramaen ass och d'Zersetzung vun der Koppel beim Bergman e Sujet, dee sech wéi e roude Fuedem duerch seng Filmographie zitt. Eng Erënnerung vum Christian Mosar.