arrow_back_ios
Kultur
Aurore Valade iwwer Révoltes intimes
Déi 49. Editioun vun de Rencontres de la Photographie zu Arles a Südfrankräich steet 2018 ënner dem Motto "Retour vers le futur". 1968er, net just a Frankräich, mee weltwäit, plus hir Repercussiounen op haut, gehéieren zu den Haaptsujeten um Festival. Déi jonk franséisch Fotografin Aurore Valade zum Beispill, huet sech dofir interesséiert, wéi d'Relatioun tëscht Intimitéit a Politik haut ausgesäit. D'Kerstin Thalau huet d'Aurore Valade zu Arles kennegeléiert.