arrow_back_ios
Kultur
Annemieke Hendriks: Tomaten
Summerzäit ass Tomatenzäit. Da gëtt dat rout Friichtegeméis souguer an eise Gäert zeideg. A wat gëtt et Besseres wéi frëscht Geméis aus dem eegene Gaart? E richtege Genoss am Verglach mat den hollännesche Waasserbommen. Déi hollännesch Autorin Annemieke Hendriks huet sech siwe Joer laang mam Thema Tomaten auserneegesat. An hirem Buch "Tomaten" verfollegt si de Wee vum Som iwwer déi verschidde Methoden a Gebidder, vum Ubau bis un d'Rekolt, den Transport a Verkafsstrategien. E Bäitrag vum Angelika Thomé.