Aktuelles
De lëtzebuergeschen Chatbot POLI
Dem Poli seng Aufgab ass einfach: Op d'Froe vun den Utilisateuren äntweren. Den 23. Juli gouf dësen Chatbot offiziell presentéiert. De Personal Operator for Users of Luxembourgish Institutions gouf an enker Zesummenaarbecht vum Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture, dem Konsumenteschutz an dem staatlechen Zenter vun den Informatiounstechnologien (CTIE) entwéckelt. Wéi de Poli am Detail fonctionnéiert, wat mat de perséinlechen Donnéeë vun de User geschitt, méiglech Feelerquoten an d'Zil vum Projet erkläert den Direkter vum CTIE, Gilles Feidt dem Philippe Hansen.