Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Immortal - Northern Chaos Gods (9/10)

E Comeback Album erauszebréngen, nodeems de leschten Album och well e Comeback Album war, ass scho bësse komesch, mä dat war awer dat, wat déi norwegesch Kult-Black Metal Band Immortal sech virgeholl huet, wéi de Grënnungsmember, Frontmann, Gittarist a liewege Meme, den Abbath d'Band 2015 verlooss huet an de fréiere Gittarist Demonaz nees d'Rudder iwwerholl huet, esouwuel am Gesang, wéi och op der Gittar.

9 Joer sinn et zënter dem Reunion album All Shall Fall vergaang an et gëtt engem beim lauschtere vum neien Album Northern Chaos Gods kloer, dass d'Band kee Bock méi hat, ze warden. Den Album ass herrlech düster an e stécht voller Energie, wat een direkt am Opener an Titeltrack spiert.

Och wann den éischten Immortal Album ouni den Abbath an de selwecte Regëster fält, wéi seng Virgänger, esou ass en dach keen Imitat vun dësen. Ënnert anerem héiert een dat z. B. ganz gutt am Track Where Mountains Rise eraus, op deem d'Vocals zu de catchiesten dierften zielen, déi Immortal je geschriwwen hunn.



Wat d'Musek ugeet, sinn Immortal natierlech nach ëmmer Sons of Northern Darkness, déi onbestridde Kinneke vun äiskalem Black Metal. De Sound huet wéinst dem Manktem um Abbath senger Gittar Aarbecht effektiv ësse manner Textur, mä dat hënnert d'Band iergendwéi guer net. Fir déi feelend Gittar nees ze kompenséieren, konzentréiert sech de Rescht vun Immortal ganz einfach op wëll a séier Riffer, déi zum Deel un déi fréier Wierker vun der Band erënneren.

Northern Chaos Gods ass domat méi, wié einfach nëmmen e Comeback Album an e grandiose Black Metal Album. Et ass villméi e fraschtege Fuck you u jiddereen, dee gemengt huet, Immortal wieren ouni den Abbath dout.

Playlist

Savatage - Hall Of The Mountain King

Gory Blister - The Last Call

Tengger Cavalry - Heart

Nothing - Blue Line Baby

Blue Line Baby vun Nothing.

Grave Digger - Fear Of The Living Death

Obscura - Mortification Of The Vulgar Sun

Immortal - Mighty Ravendark

Devin Townsend Project - Regulator

Omnium Gatherum - Gods Go First

Deicide - Excommunicated

Vader - Triumph Of Death

Episoden