arrow_back_ios
Kultur
"Veils": d'Cecil's Box vu Iyoshi Kreutz a Mik Muhlen
Dee wahrscheinlech klengsten Ausstellungsraum an der Stad ass eng Vitrine, déi sech Cecil's Box nennt, zum Cercle Cité gehéiert a 24 Stonnen op 24 vun de Passanten an der Paschtoueschgaass gekuckt ka ginn. Deemno eng super Plattform fir Lëtzebuerger Konscht. Den 21. Juni gouf dat neit Wierk "Veils", also Schleier, presentéiert. Zimlech düster fir de Summerufank, mee d'Intentioun dohannert ass eng positiv. Explikatioune vum Kerstin Thalau.