arrow_back_ios
Aktuelles
UMEDO, eng nei Offer fir Affer vun haislecher Gewalt
D'Unité médico-légale de documentation des violences, kuerz: UMEDO, ass zanter der leschter Woch operationell. Et dréint sech dobäi ëm en neie Service, un deen Affer vun haislecher Gewalt sech kennen adresséieren, fir Verletzungen dokumentéieren ze loossen, am Fall wou se net direkt eng Plainte wëlle maachen. Wa si da méi spéit decidéieren, den Auteur vun der Gewalt awer unzesichen, dann hu si mat där Dokumentatioun duerch e Geriichtsmedeziner vum Staatslabo e Beweis am Grapp. E Reportage vum Maurice Molitor.