Invité:e vum Dag
Pascale Junker an Emile Grandgenet
350 Bierger, Gemengevertrieder an Experten hunn a regionale Laboratoiren iwwer déi zukünfteg Entwécklung vum Land diskutéiert. Fënnef thematesch Aarbechtsgruppen hu sech mat de Grondfonctioune Wunnen, Schaffen, Transport, der Liewensqualitéit, der sozialer Kohäsioun oder der Resilienz befaasst. Zil ass et, de Programme directeur de l'aménagement du territoire auszeschaffen. D'Pascale Junker vum Nohaltegkeetsministère an den Emile Grandgenet waren an den Aarbechtsgruppen dobäi. D'Carole Schimmer féiert duerch d'Gespréich.