arrow_back_ios
Kultur
Notzt all gënschtege Wand: de Susumu Shingu am Mudam
Wand, Waasser, Liicht, Reen a Schnéi sinn d'Haaptacteure vum Susumu Shingu senger Konscht. 1937 ass de Susumu Shingu zu Osaka a Japan op d'Welt komm, nom Ofschloss op der Konschthéichschoul zu Tokio huet hien an den 1960er Beaux Arts zu Roum studéiert, an do d'Skulptur an de Phenomen vun der Beweegung als säin Thema entdeckt. Bis Januar 2019 presentéiert de Susumu Shingu seng Aarbechten am Mudam, eng europäesch Première. D'Kerstin Thalau hat Geleeënheet mam Kënschtler ze schwätzen.