Kultur
De Lëtzebuerger Art-déco-Innenarchitekt Lou Hammerel
Den Terme "Art déco" beschreift en innovativen an dekorative Stil, dee sech am europäesche Konschthandwierk tëscht 1920 an 1940, trotz de politeschen an ekonomesche Krisen, excellent entwéckelt huet. Och zu Lëtzebuerg, e Spezialfall, well hei ganz verschidden Aflëss aus dem Ausland ukomm sinn. Dëst dokumentéiert d'Ausstellung "L'Art déco au Luxembourg" am Nationalmusée. Zum Beispill mat Exponater vum Miwweldesigner Lou Hammerel. D'Ulrike Degen vum MNHA huet dem Kerstin Thalau méi iwwer déi komplizéiert Recherche zum Thema Lou Hammerel verzielt.