arrow_back_ios
Kultur
Den Antoine Hirsch an den Art déco am MNHA
D'Joren 1920 bis 1940 waren aus Lëtzebuerger Siicht zimlech mouvementéiert. Den Éischte Weltkrich war eriwwer, mee net verschafft, den Haff huet sech missen nei affirméieren, en zweete Krich huet sech annoncéiert. An awer war eng Opbrochstëmmung ze spieren. Zum Beispill hu Lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker hirer Kreativitéit am sougenannten Art déco-Zäitalter fräie Laf gelooss. Dat dokumentéiert eng Ausstellung am Nationalmusée a presentéiert och d'Art-déco-Acteuren am Grand-Duché. Explikatioune vum Kerstin Thalau.