Aktuelles
Verduebelung vun de Park and Ride Plaze bis 2025
D'nächst Woch gëtt an der Chamber d'Modernisatioun vun dräi Garë gestëmmt: Rodange, Miersch a Waasserbëlleg. Dräi wichteg Punkten am Reseau, wou vill Leit an den Zuch klammen. A fir datt an Zukunft nach méi der dat maachen, komme bei déi Garen grouss Park-and-Riden. Där Parkinge sollen och nach op enger ganzer Rei anere Plazen entstoen: am Mobilitéitskonzept MODU 2.0 steet d'Ambitioun, d'Zuel vun de Parkplazen op Park and Ridë bis 2025 ze verduebelen - op da knapp 27.000 hei am Land an op iwwer 8.000 am noe Grenzgebitt (Projeten, déi Lëtzebuerg jo zum Deel matfinanzéiert.) De Maurice Molitor huet mam Nohaltegkeet- an Infrastruktur-Minister François Bausch iwwer seng Politik an deem Beräich geschwat.